D'Hoffnungsdréier

Ee Joer laang huet de Lëtzebuerger Journal d'Team Lëtzebuerg begleet. Kommt mat hannert d'Kulisse vun de Paralympics 2024.

D'Cilia huet 13 Joer, ass Judoka an dreemt vun der nächster Editioun 2028 zu Los Angeles. Fir e bessert Gefill dofir ze kréien, wat e bedeit sech fir d'Paralympics ze qualifizéieren, huet d'Cilia wärend dem leschte Joer dat aktuellt Team Lëtzebuerg begleet. An de Lëtzebuerger Journal war dobäi. Bei den Ups, den Downs, ma och dem Moment, an deem d'Sportler*innen rausfannen, ob si sech qualifizéiert hunn oder net.

D’Hoffnungsdréier – e Podcast vum Lëtzebuerger Journal.
Recherche a Moderatioun: Misch Pautsch
Konzept a Produktioun: Maxime Toussaint

D'Hoffnungsdréier

Latest episodes

#8 Bronze

More episodes

All episodes
34 min

#7 Paräis

August 2024. D'Team Lëtzebuerg fir d'Paralympics vu Paräis gëtt am Rehazenter offiziell presentéiert. Zwou Wochen duerno ass d’Katrin Kohl dann och schonn drun.

Zu Saint-Denis, direkt beim Paralympic Village, erzielt hatt eis vu senger Erfarung. Mir profitéieren dovun, zu Paräis ze sinn, fir mam Joël Adams een drénken ze goen. Am Salon vum Stade de France, kuerz virum Tom Habscheid sengem Optrëtt, erzielt eis dann och d'Grande-Duchesse Maria Teresa, wéi si 1992 zu Barcelona hir éischt Paralympics als Spectatrice erlieft huet a wisou Paräis 2024 no London 2012 e Game-Changer fir de Behënnerte-Sport ass.

Kontaktéier den LPC via info@paralympics.lu, start...

34 min

#6 Virbiller

Juli 2024. Mir sinn um "Alles normal – Let’s celebrate Inclusion"-Festival. Ee vun den Highlights vum Weekend ass e Meet & Greet mat den Athlet*inne vum Paralympic Committee.

D'Katrin Kohl an dem Tom Habscheid hu sech entre-temps fir d'Paralympics zu Paräis qualifizéiert. De Familljeminister Max Hahn nennt si "Ambassadeuren, fir de Leit mat Behënnerungen Hoffnung ze maachen". D’Christine Zimmer, Directrice vun Info-Handicap, an de Sascha Lang, deen den Event organiséiert huet, erklären, wéi wichteg Sport an d'Virbildfunktioun vun de paralympeschen Athlet*innen ass.

Ma och d’Virbiller vun haut waren eng Kéier jonk an hu selwer Virbiller gebraucht. Fir den Tom waren...

41 min

#5 Gewannen

Juli 2024. Endlech fanne mir – an d’Katrin Kohl selwer – raus, ob hatt op Paräis geet oder net. Ma net nëmmen hatt: Den Tom Habscheid, deen no Tokio 2020 mam Kugelstoussen eigentlech opgehal hat, ass zeréck a plangt de perfekte Comeback. An dësem Episod léiere mir hie kennen.

D'Paralympics fänken allerdéngs schonn am August un. Ass ee Mount virdrun dann net e bësse knapp, fir engem*r Elite-Sportler*in matzedeelen, dass hien oder hatt bei de Paralympesche Spiller dobäi ass? De Marc Kiefer, Sportdirekter vum LPC, erzielt eis unhand vum Cilia, vun L.A. 2028 an dem Lëtzebuerger Judo, wéi eng ideal...

35 min

#4 Verléieren

Ufank 2024 zu Dubai. D'Rennrollstullfuererin Katrin Kohl fiert en neie Personal Best. Fir d'paralympesch Norm, déi eng automatesch Qualifikatioun mat sech bréngt, geet dat awer (nach) net duer. Fir de nächste Versuch geet et op eng Kompetitioun an Italien… mee packt hatt dat?

A wat ass eigentlech, wann net? Mir hu mam Marc Kiefer, Sportdirekter vum Luxembourg Paralympic Committee, iwwert d'Wildcard an aner Zorten Invitatioune geschwat, ma awer och mam Frank Müller, e Sportpsycholog, deen zesumme mam LIHPS (Luxembourg Institute for High Performance in Sports) Elitesportler*inne begleet, iwwert d'Mental Health vu Leeschtungsathlet*innen.

Ausserdeem ginn et an dëser Episod déi éischt...