#6 Virbiller

Show notes

Juli 2024. Mir sinn um "Alles normal – Let’s celebrate Inclusion"-Festival. Ee vun den Highlights vum Weekend ass e Meet & Greet mat den Athlet*inne vum Paralympic Committee.

D'Katrin Kohl an dem Tom Habscheid hu sech entre-temps fir d'Paralympics zu Paräis qualifizéiert. De Familljeminister Max Hahn nennt si "Ambassadeuren, fir de Leit mat Behënnerungen Hoffnung ze maachen". D’Christine Zimmer, Directrice vun Info-Handicap, an de Sascha Lang, deen den Event organiséiert huet, erklären, wéi wichteg Sport an d'Virbildfunktioun vun de paralympeschen Athlet*innen ass.

Ma och d’Virbiller vun haut waren eng Kéier jonk an hu selwer Virbiller gebraucht. Fir den Tom waren dat d’Spiller vu London 2012. D’Katrin erënnert allerdéngs drun, dass d’Lëtzebuerger Paralympics net just déi zwee Qualifizéiert sinn, ma eng ganz Ekipp.

Kontaktéier den LPC via info@paralympics.lu, start deng Para-Sportskarriär elo Join the LUNEX experience, méi Infos dozou op www.lunex.lu

Du wëlls méi iwwer Reklamme wëssen? Schreif eis op podcast@journal.lu

New comment

Your name or nickname, will be shown publicly
At least 10 characters long
By submitting your comment you agree that the content of the field "Name or nickname" will be stored and shown publicly next to your comment. Using your real name is optional.