#4 Verléieren

Show notes

Ufank 2024 zu Dubai. D'Rennrollstullfuererin Katrin Kohl fiert en neie Personal Best. Fir d'paralympesch Norm, déi eng automatesch Qualifikatioun mat sech bréngt, geet dat awer (nach) net duer. Fir de nächste Versuch geet et op eng Kompetitioun an Italien… mee packt hatt dat?

A wat ass eigentlech, wann net? Mir hu mam Marc Kiefer, Sportdirekter vum Luxembourg Paralympic Committee, iwwert d'Wildcard an aner Zorten Invitatioune geschwat, ma awer och mam Frank Müller, e Sportpsycholog, deen zesumme mam LIHPS (Luxembourg Institute for High Performance in Sports) Elitesportlerinne begleet, iwwert d'Mental Health vu Leeschtungsathletinnen.

Ausserdeem ginn et an dëser Episod déi éischt Äntwerten: De Joël Adams, de Philippe Hein an de Matteo Scuto wëssen, ob si bei de Paralympics 2024 dobäi sinn oder net.

Kontaktéier den LPC via info@paralympics.lu, start deng Para-Sportskarriär elo Join the LUNEX experience, méi Infos dozou op www.lunex.lu

Du wëlls méi iwwer Reklamme wëssen? Schreif eis op podcast@journal.lu

New comment

Your name or nickname, will be shown publicly
At least 10 characters long
By submitting your comment you agree that the content of the field "Name or nickname" will be stored and shown publicly next to your comment. Using your real name is optional.