#3 Zesummen

Show notes

Februar 2024. D'Katrin Kohl, de Joël Adams, de Philippe Hein an de Matteo Scuto bereese mëttlerweil d'Welt, fir bei Trainingscampen a bei wichtege Weltcups dobäi ze sinn, bei deenen si Punkte fir eng Paralympics-Qualifikatioun kënne sammelen. Dat mat der Aarbecht ënnert een Hutt ze kréien, ass awer net ëmmer einfach…

Mee wéi ass et mat der Zivilkarriär? Momentan féiert zu Lëtzebuerg den eenzege Wee zu enger professioneller Sportlerinnekarriär iwwert d'Arméi. Mat enger Behënnerung huet een awer keng Chance, d’Grondausbildung ze packen. Mir hu beim Sportminister Georges Mischo nogefrot, wéini Para-Sportlerinne mat enger Alternativ rechne kënnen. Dat ass och eng Fro vun der Inklusioun, a fir de Marc Schreiner, President vum Luxembourg Paralympic Committee, ass d'Äntwert esou kloer, wéi onerwaart : eng absolutt Inklusioun ass net méiglech.

Kontaktéier den LPC via info@paralympics.lu, start deng Para-Sportskarriär elo Join the LUNEX experience, méi Infos dozou op www.lunex.lu

Du wëlls méi iwwer Reklamme wëssen? Schreif eis op podcast@journal.lu

New comment

Your name or nickname, will be shown publicly
At least 10 characters long
By submitting your comment you agree that the content of the field "Name or nickname" will be stored and shown publicly next to your comment. Using your real name is optional.